
Seng bekanntste Roll hat de Schauspiller wuel am Film “The Sound of Music” aus dem Joer 1965. Fir dës Roll hat de Plummer awer laang Zäit wéineg iwwereg.
1929 ass hien zu Toronto a Kanada op d’Welt komm. Seng Mam war Kënschtlerin, säi Papp e Geschäftsmann a säin Urgrousspapp fréiere kanadesche Premier. Seng Karriär huet als Jugendlechen am Theater ugefaangen, wou hien ëmmer nees um Broadway ze gesi war awer och deels zu London. 1958 hat hie seng éischt Filmroll am Drama “Stage Struck” zesumme mam Henry Fonda.
Opfälleg beim Christopher Plummer senger Karriär ass, datt hie sech ni op e bestëmmten Typ vu Roll oder e Genre festgeluecht huet. Dat weist och säin Optrëtt als Klingon a “Star Trek VI”. Eng vu senge leschte Rollen hat hien als Patriarch vun der Famill am Film “Knives Out” aus dem Joer 2019. An iwwer 100 Rolle war hien a sengem Liewen ze gesinn, fir den Oscar gouf hien awer eng éischte Kéier am Joer 2010 nominéiert, wéi hien 80 Joer hat. Gewonnen huet hien dëse wichtege Präis awer eréischt 2012 fir de Film “Beginners”.
Op d’Pensioun hat hien ni wierklech Loscht. Nach am Alter vun 88 Joer gouf hie fir seng Roll an “All the Money in the World” fir den Oscar nominéiert a war domadder deen eelsten Nominéierten, deen et jee gouf. Gewonnen huet hien en dat Joer awer net. Gelieft huet hien déi lescht Joren an engem klengen Duerf am US-Bundesstaat Connecticut, wou hien US-Medien no och gestuerwen ass.