Plëtzlechen HäerzstëllstandHollywood-Star Romy Walthall gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vu 57 Joer ass d'Schauspillerin Romy Walthall den 19. Mee zu Los Angeles gestuerwen.
© RTL-Grafik

D’Kanner vum Romy Walthall hunn den Doud vun hirer Mamm iwwert déi sozial Medie bestätegt.

Wéi d’US-Internetsäit “variety.com” schreift, soll déi 57 Joer al Schauspillerin un engem plëtzlechen Häerzstëllstand gestuerwe sinn. Offiziellt bestätegt gouf dat bis ewell awer nach net.

D’Romy Walthall huet a ville Filmer matgespillt. Ënnert anerem am Film “Im Körper des Feindes” mam Nicolas Cage an dem John Travolta.

Back to Top
CIM LOGO