
3 Froen un d'Nora Waringo, Direktesch vum Kulturhaus Nidderanven ...

Eis Spezialitéit ass sécherlech eis Gréisst, déi bedéngt, dass mer eise Public zimlech genau kennen. Als eent vun dene klengste regionalen Kulturhaiser profitéiere mir dovun, dass mer kënne schnell op eng Demande reagéieren an anerersäits relativ gutt wëssen, wat mer genau dem Public Neies kënnen zoutrauen. Mir hunn eng Programmatioun, déi vill op d’Famill als Ganzt ausgeluet ass, d.h. dass mer gäre Projeten ubidden, wou d’Elteren zesumme mat hire Kanner eppes erliewe kënnen.

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?
Ech wëll näischt ervirhiewen, well ech domat d’Gefill kéint ginn, aner Projeten ofzewäerten, wat awer ganz einfach net gerechtfäerdegt wier. Wourops ech awer hiweise wëll, ass, dass mer eis Palette u Workshopen erweidert hunn an dëst Joer an deem Beräich vill Neies ubidden. An dat souwuel fir Kanner wéi Erwuessener. Mir hunn do eng extra Brochure, déi Ufank September erauskënnt.

D’Kirsten Boie giff ech gären eng Kéier bei eis invitéieren, well si a mengen Aen eng vun dene beschten zäitgenësseschen Kannerbuchautorinnen ass an eng ganz interessant Fra.


D'Visittekaart vum Haus:
Numm: Kulturhaus Nidderaanwen
Plaz: 145, route de Trèves L-6940 Niederanven
Alter: 15.03.2008 opgaangen
Gréisst: Bis 125 Plazen