De Fadi Jaafar war fréier emol Affekot zu Damaskus, a Syrien. Seng grouss Passioun war awer schonn am Studium d'Konscht. Dofir huet hie virun 10 Joer seng Karriär un den Nol gehaangen, fir sech ganz der Konscht ze widmen.
Haut lieft a schafft de Kënschtler mat de libanesesche Originne zu Lëtzebuerg. Transitioun hei am Land Fouss ze faassen hat eng Schafenspaus mat sech bruecht, bis e virun 10 Méint en Atelier am Hariko zu Esch krut.
Seng rezent Biller, Skulpturen an audiovisuell Installatioune kann een elo a senger Ausstellung „The Passenger“ gesinn. Déi ass awer net an enger Galerie, mä an engem privaten Haus. An zwar dat vun engem Mann, deen an der Lëtzebuerger Kulturzeen alles, mä keen onbekannten ass, dem Camille Kerger. Wéi de Fadi a sengem Atelier schafft, d’Resultat vu senger Kreativitéit a wéi et iwwerhaapt zu där Expo beim Camille Kerger koum, dat huet d‘Ekipp vum Magazin am Tëlee-Reportage agefaangen.
D'Expo ass just nach dëse Weekend vun 17.00 bis 20.00 Auer op Nummer 17 um Gararbierg.