
Domat wëlle si weisen, dass si sech vum Virus net klengkréie loossen a mat vill Engagement hire kulturelle Verflichtungen nokomme wëllen.
De Videoclip „All I want for Christmas is you” ass vun de Musikanten doheem opgeholl an dono zesummegeschnidde ginn.
De Videoclip “Spirit of Christmas” ass eng Kooperatioun vun der Fanfare mat de Stroossener Hueflachspatzen (dem Kannergrupp vun der Chorale).
An der Adventszäit war d’Stroossener Musek och scho fläisseg, andeems se kleng Mini-Chrëschtdagsconcerte (e Quartett vu 4 Musikanten) op verschiddene Plazen zu Stroossen an och virun der Kannerklinik an dem Centre Hospitalier gespillt hunn. Do goung et drëm dem Personal vum Spidol merci ze soe fir hiren haarden Asaz, an d’Patienten e bëssen opmonteren, déi am Moment all Liichtbléck gebrauche kënnen.