
Duerch déi verschidde Sparte géif een d'Traditioun vum Haus erëmerkennen, wann och eng Partie nei Elementer mat abruecht goufen. E Beispill ass do de Festival "Touch of Noir" - e grousst Elementer am Hierschtprogramm, sou de John Rech, deen zanter Mäerz den neien Direkter vum regionale Kulturzenter ass.
Enn November ass e Concert vum Tom Rosenthal - eng Kollaboratioun mam Atelier. Fir de regionale Kulturzenter d'Méiglechkeet een neie Public unzezéien.
De komplette Programm vum Kulturzenter Opderschmelz fann Dir op hirem Internetsite.