007 is back"No Time To Die" - dem Daniel Craig säi leschten Asaz

RTL Lëtzebuerg
De leschte Film, an deem den Daniel Craig als 007-Agent ze gesi wäert sinn, huet endlech en Titel. Am Abrëll soll "No Time To Die" dann an de Kino kommen.

Um Dënschdeg ass um offiziellen Twitter-Account vum James Bond bekannt ginn, wéi den nächtse Bond-Film heescht a wéini en an de Kino komme soll. "No Time To Die" - "Keine Zeit zu sterben", ass héchstwahrscheinlech de leschte Film, an deem den Daniel Craig wäert ze gesi sinn, dëst am Fréijoer 2020.

Nodeems de Craig d'Roll vum 007-Agent 2006 am "Casino Royale" iwwerholl hat an dono an dräi weideren James-Bond-Filmer ze gesi war, soll dëse säi leschten Optrëtt als James Bond sinn.

Back to Top
CIM LOGO