MusekPianofestival "Skriabin" am Cape

RTL Lëtzebuerg
Fir d’drëtte Kéier huet de Cape Ettelbréck e "Festival de Piano" organiséiert.
Piano am Cape
Fir d’drëtte Kéier huet de Cape Ettelbréck e Festival de Piano organiséiert.

4 Deeg dëse Weekend, 4 Concerten, 8 Pianisten : Dat zentraalt Thema vum Festival ass de russesche Compositeur Alexander Skriabin. Deen huet ronderëm den Ufank vum 20. Joerhonnert gelieft a seng Musek war emotional, faarweg an revolutionär.

De Régis Thill huet um Festival mat der 19 Joer jonker Pianistin Zala Kravos geschwat, déi zënter 14 Joer zu Lëtzebuerg lieft an och do am Conservatoire war.

Back to Top
CIM LOGO