Seng markant Stëmm mam gerullten “R” a seng satiresch Texter hu bis zu sengem Doud am Joer 2000 um Radio, op der Télé, a Bicher an op der Bühn vill Leit un d’Laache bruecht.
Den Documentaire „Pir Kremer : d’Revanche vum klenge Mann » vum Fränk Grotz kuckt op dem “PiK” seng bekannte Radiosemissioun “De Staminet”, seng Theaterrevuen an déi sëllechen aner Aktivitéiten zeréck a weist de sensibele Mënsch hannert dem pikeschen Humorist.