RIPRapper MF Doom am Alter vun 49 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Daniel Dumile, och bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm MF Doom, soll schonn den 31. Oktober 2020 verscheet sinn.
© Peter Kramer / Getty Images North America / Getty Images via AFP

Seng Famill hat sech allerdéngs dozou entscheet gehat ze waarden, fir déi traureg Nouvelle public ze maachen. Op Instagram schreift seng Fra: Hie war “de gréisste Mann, Papp, Schoulmeeschter, Schüler, Geschäftspartner, Freier a Frënd (...) Meng Welt ouni dech wäert ni méi déi selwecht sinn.” Iwwert seng Doudesursaach ass bis ewell näischt bekannt.

Hien huet an der Hip-Hop-Branche als “Liblingsrapper vun dengem Liblingsrapper” gegollt a gouf ëmmer nees a Lidder vun anere Kënschtler ernimmt. Dorënner den Drake, Childish, Gambino oder Playboi Carti.

Seng erfollegräich Karriär huet an den 90er Joren ugefaange mat der Rap-Band KMD, mat där och säi verstuerwene jéngere Brudder Subroc deels opgetrueden ass. No sengem Doud huet sech de brittesche Kënschtler aus der Zeen zeréckgezunn, hat awer no e puer Joer Paus nees de Wee zeréck op d’Bün fonnt. An zwar mat Mask.

Complex no ass de MF Doom verantwortlech fir e puer vun de beléiftsten Hip-Hop-Albe vun allen Zäiten.

Back to Top
CIM LOGO