Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Jeff Strasser

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

98 mol huet de Jeff Strasser am Dress vun der Nationalequipe gespillt an säi leschte Match hu se géint Frankräich mat 0:2 verluer. Hien huet a Frankräich, Däitschland, der Schwäiz a Lëtzebuerg gespillt a war Trainer op der Fola, zu Hesper a beim 1. FC Kaiserslautern.

An der RTL City zielt hien iwwer seng Kandheet zu Munneref an der Schwämm, déi éischt Zäit zu Metz, seng Fra, seng 2 Bouwen a säin Outfit. A mir gi gewuer, firwat säi Gesang hien eng Kéier deier ze stoe koum.

Empfang gëtt et vum Dan Spogen, Mike Fandel, Patrick Kayser a Raoul Roos.

Piano an der RTL City: Erny Delosch

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO