Presuméiert Homo-PropagandaRussland verbitt Kuerzfilm vun Disney

RTL Lëtzebuerg
Am Kuerzfilm "Out" geet et ëm den Outing vun engem homosexuelle Mann. Russland gesäit doran e Verstouss géint e Recht a geet géint Disney vir.

Déi russesch Kommunikatiounsopsiichtsagence Roskomnadzo huet d’Walt Disney Company gewarnt, e Pixar-Kuerzfilm iwwert de schwule Charakter ze weisen oder Reklamm dofir ze maachen. Den Animatiounsfilm “Out” géif géint e russescht Gesetz wéinst Homo-Propaganda verstoussen.

Den 28. Mee huet sech Russland an engem Bréif un Disney geriicht, an deem et ënner anerem heescht, d’Haaptroll am Kuerzfilm wier “schiedlech fir Kanner a Russland” a géif “net-traditionell sexuell Bezéiunge fërderen”.

Am Film vu knapp 9 Minutte geet et ëm de Greg, deen de Courage opbréngt, sech géintiwwer sengen Elteren ze outen, wéi si hie besichen. De Kuerzfilm gouf vun Disney a Pixar Animation Studios produzéiert an ass den éischten Animatiounsfilm mat enger offe schwuler Haaptfigur.

D’LGBT-Medienbeobachtungsorganisatioun GLAAD huet erkläert, dass d’Verëffentlechung vun “Out” e grousse Schratt no vir wier an där sech och LGBTQ-Koppelen erëmfannen.

Back to Top
CIM LOGO