
Wéi si 15 Joer al war, war si un enger erfollegräicher Protestaktioun géint d'Nazie bedeelegt. Spéiderhin ass si als Zwangsaarbechterin an enger Schongfabrick versklaavt ginn.
D'Matgrënnerin vum "Jüdischen Kulturverains Berlin" hat an hirer Autobiografie ("Ich war Zwangsarbeiterin bei Salamander"), déi 2006 erauskomm ass, iwwer hiert Liewe geschriwwen.
Vill vun hire Familljemembere si vun den Nationalsozialisten deportéiert ginn an an de Lageren Auschwitz an Theresienstadt ëmbruecht ginn.