No Succès vun "The Crown"Serie iwwert schwedescht Kinnekshaus geplangt

RTL Lëtzebuerg
D'Netflix-Serie versicht e fiktiven Abléck ze ginn an d'privat Liewe vun der Queen Elizabeth II an hirer Famill.
© Jan Woitas / dpa / AFP

Nom Erfolleg vun der Netflix-Serie “The Crown” iwwert déi brittesch Kinneksfamill, soll elo eng Serie iwwert d’Liewe vum Kinnek Carl XVI a senger Famill gedréit ginn. Am Moment wier een awer eréischt an enger Ufanksphas, sou d’Produzentin Anna Wallmark Avelin, der AFP géigeniwwer.

D’Dréibuch wier nach net fäerdeg, ma et wier kloer, dass d’Serie eng “perséinlech Dimensioun” kritt. Ënnert anerem de Papp vum elo 74-Joer-ale Kinnek war am Joer 1947 bei engem Fligeraccident gestuerwen, deemools war de Carl Gustav knapp 9 Méint al.

D’Serie heescht am Moment provisoresch “Monarchie” a géif guer net probéieren, mat “The Crown” a Konkurrenz ze goen. D’Serie wier genial, ma d’kinneklech Famill a Schweden wier anescht wéi déi brittesch Kinneksfamill.

De Carl Gustav XVI. ass mat 27 Joer Kinnek ginn, am Joer 1973. Dono huet hien d’Silvia Sommerlath aus Däitschland bestuet, dat hien zu Münche bei den Olympesche Summerspiller kennegeléiert huet. Zesummen hu si 3 Kanner kritt.

Back to Top
CIM LOGO