Veto vu KulturministèreSkulpture-Sträit zu Iechternach

Serge Pauly
Eigentlech hätt zu Iechternach eng Skulptur sollten ageweit ginn.
Skulpture-Sträit zu Iechternach
Eigentlech hätt zu Iechternach eng Skulptur sollten ageweit ginn.

Mä no engem Veto vum Kulturministère konnt gouf d’bronze Figure guer net opgeriicht.Et geet ëm fënnef geschwonge Figuren aus Bronze, déi d’Sprénger bei der Iechternacher Prozessioun symboliséiere sollten an déi de Brauch vun der Sprangprëssessioun an Éiere hale sollen. Si sollten direkt op der Plaz virum Haff vun der Basilika stoen, um sougenannte “Vulpert”. Dat ass Gemengenterrain, an dofir ass den CSV-Buergermeeschter Yves Wengler dovunner ausgaangen, dass ee keng Autorisatioun vu “Sites et Monuments” bräicht:

“Mir riichte jo och kee grousst Bauwierk op. Et ass e Konschtwierk, wat een och verréckele kann. Do war eis Iwwerleeung ‘Komm mir setzen et emol dohinner a wann et net geet, da réckele mir et zur Nout.’”

D’DP-Oppositioun zu Iechternach kritiséiert awer, dass de Schäfferot dëse Projet vun Ufank un op eege Fauscht organiséiert hätt, ouni Récksprooch mam Gemengerot oder mam Willibrordus-Bauveräin. D’Conseillère Carole Hartmann verweist och op déi national UNESCO-Kommissioun:

“Wann eise Schäfferot sech e bësse méi entouréiert hätt, da wär vläicht opgefall, dass een eng Autorisatioun misst froen.”

No enger Question Parlamentaire a Reklamatioune bei “Sites et Monuments” huet de Kulturministère d’Aarbechte suspendéiert. D’DP-Politikerin Hartmann fënnt d’Iddi vun enger Sprangprozessioun-Skulptur prinzipiell gutt, mä wëllt sech fir d’éischt e Bild maachen, wéi d’Skulptur ausgesäit a wéi se um Vulpert wierkt:

“Mir sinn hei op enger Plaz, virun der Paart vun der Basilika, déi ganz markant ass, a wa sech d’Skulptur hei gutt integréiert, kann een dat duerchaus maachen”.

D’Skulptur wär bewosst esou placéiert ginn, dass se net an der Haaptachs vun der Basilika steet, esou de Buergermeeschter Wengler, deen net versteet, firwat d’DP säi Projet wéinst engem Formfeeler blockéiert:

“Mir maachen eppes, wat den Iechternacher Bierger gefält. A wann ee versicht, esou Saachen, déi gefalen, ze verhënneren, da muss ee sech froen, firwat maachen ech dat, wat ass mäin Interêt, fir do dogéint ze goen.”

Mëttlerweil lafen d’Geneemegungsprozeduren, den Dossier läit am Moment bei der zoustänneger Commission des Sites et Monuments.

Back to Top
CIM LOGO