
Trauer bei de Fans vun der Serie "Star Trek: Deep Space Nine". Den Aron Eisenberg ass e Sonndeg am Alter vu 50 Joer verstuerwen. Dat huet seng Fra e Sonndeg iwwert déi sozial Medie matgedeelt. Den Amerikaner hat an der Serie d'Roll vum Nog gespillt.
U wat de Schauspiller gestuerwen ass, ass net bekannt. E Samschdeg eréischt hat seng Fra matgedeelt, datt den Aron Eisenberg an der Klinik géing leien a säin Zoustand eescht wär. Um Sonndeg koum dunn d'Nouvelle vu sengem Doud.