
Am Carré Hollerech ass den Ament d’Ausstellung “Répondre à la barbarie par des salves de beauté” vum Moler Jhang Lamborelle ze gesinn.
De Kënschtler huet eng Zäitlaang an Zentral- a Südamerika gelieft an als Infirmier geschafft, mä war och do schonn als Moler aktiv an huet Natur a Liewesweis vun den indigeene Vëlker a sengen Aarbechte festgehalen.
An de leschte Joren huet hien d’Serie “Yearning for peace” geschaf an där hie sech mam Mënsch an senger Situatioun an der Welt vun haut beschäftegt.
An Zesummenaarbecht mat der Ecole Nationale pour Adultes ENAD, solle Schüler a Vertrieder aus der Zivilgesellschaft de 7.5. un Hand vun de Biller d’Thema vum Krich a senge Suiten diskutéieren a beliichten.
Als Hommage un de Lëtzebuerger Auteur a Musekkritiker Guy Wagner, dee viru 5 Joer gestuerwen ass, ass am Trifolion eng zeenesch Liesung mat Extraiten aus dem Roman “Winterreise”, deen 2005 bei den Editions Phi erauskomm ass.

A 24 Kapitelen schreift de Guy Wagner iwwer de Komponist Franz Schubert a verbënnt se mat den 24 Lidder vum Zyklus “Winterreise”, déi de Schubert 1 Joer vru sengem Doud komponéiert hat.
Et liesen: Fabielle Hollwege, Leila Lallali, Charles Muller, Christiane Rausch, Andreas Wagner a Germain Wagner.
Musek: Sabine Weyer (Piano) an Dimitri Maslennikov (Cello).
Konzept: Charel Muller
Text-Opbau: Alain Steffen
Winterreise Guy Wagner TRifolion
Den zäitgenësseschen Theater steet iwwer véier Deeg am Kulturhaus an am Literaturhaus zu Miersch am Fokus vun de Mierscher Theaterdeeg.
Mierscher Theaterdeeg ProgrammMat Gespréicher, Diskussiounen, Liesungen a Virstellungen solle se eng Iddi ginn, wat et heescht, den Theater haut ze gestalten an ëmmer erëm nei ze denken.
Nieft Table-Ronden a Momenter mat Auteuren an hire Stécker, ginn och zwou Produktiounen aus der aktueller Theatersaison nach emol opgefouert “So dunkel hier” vun der Abtei Neimënster an “Terres Arides” vum Théâtre du Centaure.