Nei Musek no "Mother Nature"D'Eva Marija iwwer de Wee nom ESC an hir nei Single

Jean-Marc Turmes
Am Interview verréit d'Musekerin, wéi et fir si nom ESC weidergaangen ass.
D'Eva Marija bei sengem ESC-Optrëtt zu Wien.
© TOBIAS SCHWARZ/AFP

D'Eva Marija stoung dëst Joer fir Lëtzebuerg op der grousser Eurovision-Bün. Hiert neit Lidd "Little Star" huet si kuerz no "Mother Nature" geschriwwen, deem Lidd, dat d'Eva Marija dëst Joer zu Wien presentéiert huet.

Am Interview schwätzt d'Eva Marija iwwert hire Wee zanter der Eurovisioun, doriwwer, wéi "Little Star" entstanen ass, d'Zesummenaarbecht mam Adriano Selva op engem Songwriting-Camp an der Belsch, Langweil als kreativen Undriff, a beäntwert och d'Fro: "Wéi een Tuyau gëss du eisem nächsten ESC-Kandidat?"

Dee kompletten Interview mam Eva Marija kënnt Dir hei lauschteren:

Den Interview mam Eva Marija

Back to Top
CIM LOGO