
Bekannt sinn d'Inga Lindström-Filmer duerch hir idyllesch schwedesch Landschaften an de Fakt, dass et all Kéiers Liebesgeschichte sinn. Dobäi spillt den Tommy Schlesser e Muséesdirekter aus London. Déi weiblech Haaptroll gëtt vum d'Lena Meckel gespillt. Si ass ënner anerem bekannt duerch hir Rollen an Rote Rosen, Kreuzfahrt ins Glück oder och Rosamunde Pilcher.
D'Filmer lafen ëmmer sonndes owes um 20:15 Auer um ZDF. Zanter 2004 sinn d'Filmer Bestanddeel vum Primetime Programm a gi reegelméisseg vu 5 bis 6 Milliounen Zuschauer gekuckt.
D'Dréiaarbechte vum Film, an deem den Tommy Schlesser ze gesi wäert sinn, ginn am September a Schweden un an daueren ongeféier e Mount.