1,42 MilliounenTutanchamun-Ausstellung zu Paräis notéiert Visiteur-Rekord

RTL Lëtzebuerg
Zu Paräis ass déi grouss Tutanchamun-Ausstellung e Sonndeg mat engem franséische Visiteur-Rekord op en Enn gaangen.
© AFP

1,42 Millioune Mënschen hu sech d'Ausstellung am Kulturzentrum "Grande Halle de La Villette" ugekuckt. Domat huet déi am Mäerz lancéiert Ausstellung "Tutanchamun: De Schatz vum Pharao" och den ale Rekord mam franséische Visiteur-Rekord gebrach, eng aner Tutanchamun-Ausstellung aus dem Joer 1967. Deemools waren 1,24 Millioune Leit gezielt ginn.

Am November plënnert déi aktuell Tutanchamun-Ausstellung op London.

Den Tutanchamun ass ee vun de berühmtste Kinneken an der ägyptescher Geschicht. Hie soll mat nëmmen 9 Joer Pharao gi sinn an ass 10  Joer méi spéit, ëm 1323 viru Christus, gestuerwe sinn. Säi Graf gouf 1922 vum briteschen Archeolog Howard Carter entdeckt. Anescht wéi bei anere Griewer, war dëst net ausgeraumt ginn, ma hat nach iwwer 5.000 intakt Objeten, dovu vill aus Gold.

Back to Top
CIM LOGO