Am "Cavern Club"Viru 60 Joer hunn d'Beatles zu Liverpool hiren 1. Concert gespillt

RTL Lëtzebuerg
Ganz onspektakulär huet den 9. Februar 1961 eng jonk brittesch Band mëttes hiren Debut am Cavern Club gehat.
© AFP Archivbild

Viru 60 Joer hunn d’Beatles den alleréischte vun hire bal 300 Concerte gespillt, duerno si si weltberüümt ginn.

Haut ass de Musekskeller a kulturellen Hotspot, obschonn et den Original guer net méi gëtt. Vum urspréngleche Club an der Mathew Street 10 zu Liverpool ass net méi vill iwwereg. E gouf 1973 ofgerappt. An den 80er Joren ass op der bal nämmlechter Plaz, aus de Steng vum ale Gebai, en neie Cavern Club, deen zanterhier Beatles-Fans, Amateure vun der Musek an Touristen unzitt.

“Fir eis ass alles biergof gaangen, nodeems mir opgehalen hunn am Cavern ze spillen”, soll den John Lennon eemol gesot hunn. Dat steet och a grousse Buschtawen un der Mauer vum Museksclub. Eng “liicht” Ënnerdreiwung wann een op hire Succès zeréckbléckt. Musekshistoriker, Experten a Fans si sech eens, de Cavern Club, an deem d’Band reegelméisseg op der Bün stoung, huet zu hirem Mega-Succès bäigedroen. Bis August 1963 hunn d’Beatles am Ganzen 292 Concerten am Club gespillt, duerno ass en ze kleng ginn.

Eng Feier fir de 60. Jubiläum soll ech am aktuelle Cavern Club net ginn, dofir soll am August “International Beatle Week” zu Liverpool sinn. Do dann am Club eng sëllege Bealtes-Coverbands erwaart.

© AFP Archivbild

Back to Top
CIM LOGO