Statiste fir e Freideg gesichtWëllt Dir an engem Film matspillen an och nach eppes dobäi verdéngen?

RTL Lëtzebuerg
Statisten - Männer a Fraen tëscht 18 an 30 Joer - gi gesicht, fir e Freideg an der Stad eng grouss Bal-Zeen nozestellen.

D'Zeen spillt an de 70er Joren a gedréint gëtt wéi gesot de ganzen Dag e Freideg an der Stad.

Et handelt sech dobäi ëm den neie Film vum Donato Rotunno "lo Sto bene".

All Statist kritt 65 Euro.

Sidd Dir interesséiert, da mellt Iech per Email op isb.figu@gmail.com mat Foto, Gebuertsdatum an Telefonsnummer. Sujet vum Mail: Bal 70.

Back to Top
CIM LOGO