An Déierepark zu Solingen (D)Känguruen awer vun engem Raubdéier gerass

RTL Lëtzebuerg
U sech war d'Police dovun ausgaangen, datt d'Känguruen am Déierepark vu Mënschen ëmbruecht goufen. Expertisen hunn elo erginn, datt et awer en Déier war.
© AFP

Am Fall vun zwee Känguruen, déi an engem Déierepark zu Solingen ëmbruecht goufen, ginn d’Ermëttler lo vun engem Raubdéier als “Täter” aus. Vun engem mënschlechen Déier wier no entspriechenden Expertisen net méi auszegoen, huet de Parquet zu Wuppertal en Donneschdeg matgedeelt. Deemno soll e Fuuss oder en Hond d’Kängurue gerass hunn. D’Ermëttler ware jo ufanks vun engem mënschlechen Täter ausgaangen.

D’Déiere ware Mëtt Abrëll dout an ouni Kapp an hirem Käfeg fonnt ginn. Fotoe vum Kadaver an Aschätzunge vu Jeeër hate fir Zweiwel un enger Attack duerch en Déier opgeworf. Ausserdeem hate Videoe vum Déierepark en onbekannte Mann gewisen, deen no den Ouvertureszäiten am Park war an direkt bei de Käfeg vun de Kängurue gaangen ass.

Déi rezent Expertisen hunn awer elo DNA-Spuere vun engem Fuuss an engem Hond un de Kadaver festgestallt. Donieft hunn Ënnersichunge vun de Bëssspueren an de Blessuren eendeiteg erginn, datt e grousst Raubdéier d’Känguruen ëmbruecht huet. D’Ermëttlunge wieren deemno agestallt ginn.

RTL-News (29.7.25): An engem Déierepark zu Solingen (D): Onbekannte schneit zwee Känguruen de Kapp of an hëlt se mat

Back to Top
CIM LOGO