Puppy Yoga zu LëtzebuergKee Verbuet, dofir e moderniséiert Gesetz, mat méi strenge Strofen

Monique Kater
Déieren allgemeng a Welpen am speziellen hätten iwwerhaapt näischt an engem Yoga Cours ze sichen. Do sinn d'Martine Hansen an d'Tilly Metz formell!
© Archivbiller

Souwuel déi concernéiert Ministesch Martine Hansen, wéi d'Europadeputéiert Tilly Metz sinn, wat Puppy Yoga, ugeet, "not amused". An hirer Reaktioun op eise Reportage iwwer Yoga mat Welpen annoncéiere si souwuel méi streng Sanktiounen, déi vun der Veterinärsinspektioun wäerten ausgoen, grad wéi eng nei europäesch Reglementatioun, déi d'Zuucht betrëfft, an den illegalen Handel mat jonken Hënn a Kazen soll an de Grëff kréien. Lëtzebuerg schéngt op alle Fall decidéiert, Puppy Yoga an esou enger Form, net ze toleréieren.

Puppy Yoga: Kee Verbuet, dofir e moderniséiert Gesetz mat méi strenge Strofen
Souwuel déi concernéiert Ministesch Martine Hansen, wéi d'Europadeputéiert Tilly Metz sinn, wat Puppy Yoga, ugeet, "not amused".

Esou Course wéi deen hei, kréiche keng Autorisatioun

Déieren allgemeng a Welpen am speziellen hätten iwwerhaapt näischt an enger Yoga Cours ze sichen. Do si béid Politikerinne formell! An ouni Geneemegung vun der Martine Hansen hirer Veterinärsinspektioun, schonn 3 mol näischt!

D'Ministesch ass der Meenung, dass d'Gesetz breet ausgeluecht ass, an u sech gutt, well et den Handel allgemeng ofdeckt, also vague ass an dofir Spillraum géing loossen. Wat d'Déierewuel, den aartgerechten Ëmgang mat Welpen ugeet – do wieren d'Critèren och net erfëllt. Donieft misst ee sech froen, wat mat deene Welpe geschitt, wa se net méi als Welpen duerchginn, monéiert d'Ministesch – landen déi dann am Asyl?

D'Martine Hansen erkläert: hätte se hir Demande gemaach, hätt ee sech hiert Konzept genee ugekuckt an da misst kontrolléiert ginn, ob dat wat um Site vum Organisateur als "Animal Welfare-Mesuren" opgezielt ass, och an der Praxis respektéiert géif. Fir Puppy Yoga an der aktueller Form, géif et hei keng Geneemegung, sou d'Ministesch.

© www.yoga-paws.com

 Animal Welfare Standards, Yoga Paws, Australien. Klengt gutt, mee wéi ass d’Praxis?
https://www.yoga-paws.com/animal-welfare

D'Gesellschaft Yoga Paws gouf, wéi gesot, ouni Autorisatioun erwëscht, an huet sech mat hire Puppy Couren, aus dem Stëbs gemaach – op Metz! Wou se och eng Geneemegung bräichten. D'Veterinärsinspektioun hätt den Autoritéiten dohanne Bescheed gesot a waart op e Feedback.

Eng nei EU-Reglementatioun mat méi strenge Critèrë fir d'Zuucht

Den Déiereschutz ass ee vun der Tilly Metz hiren Dadaen am Europaparlament. Dofir freet si sech iwwer déi nei Reglementatioun a Saachen Zuucht vun Hënn a Kazen. A Kraaft trëtt se leider eréischt 2028. Och Yoga mat Welpen wier vum Text concernéiert, seet d'Europadeputéiert. Alles géif méi streng, wat d'Déierewuel am Handel, wärend dem Transport zum Beispill ugeet. Et wier héich Zäit, well haut géifen et Ziichter, déi ouni mat der Wimper ze zucken, a Kaf huelen, dass en Deel vun de Welpen oder klenge Kazen, en Transport net iwwerliewen. Deen Handel bréngt awer och dann nach Gewënn.

Lis Stirn iwwer Tollwutimpfung

Eng weider potentiell Illegalitéit bei Yoga Paws: d’Welpe kéinten ouni Tollwutimpfung iwwer d'Grenzen ënnerwee sinn, seet d'Veterinärin Lis Stirn!
 

Kontrollen op de Grenzen an dono Traçabilitéit géint den illegalen Handel  

No an no géif an der EU dann och den Chip bei Welpen obligatoresch, also: Traçabilitéit géint de massiven illegale Commerce. Iwwregens hätt een och déi sougenannt Qualzuchten op de Leescht geholl, d.h. Verschiddenes gëtt komplett verbueden.

D'Tilly Metz iwwert d'Qualziichterei

D'Parlament hätt hei gutt geschafft – allerdéngs bleift, wéi esou dacks, d'Ëmsetzung vun deem, um Pabeier. Dofir gefält et dem Tilly Metz, wann d’Memberstaaten hire Veto géint Puppy Yoga aleeën.

Responsabilitéit a Reaktioune vun de Memberstaaten  

Italien huet Puppy Yoga verbueden – do hate virun zwee Joer schonn eng ganz Rei Déiereschutzorganisatioune wéinst Déierequälerei geklot. Holland géing iwwer e Verbuet nodenken, zu Wien hätt d'Tierschutz-Ombudsfra e Verstouss géint d'Déierewuel festgehalen. D'Schwäiz recommandéiert hire Länder, Puppy Yoga, bei sech, net zouzeloossen. Verschidden däitsch Bundeslänner wéi Stuttgart, loossen dës Aktivitéit och net méi zou.

Eist Déiereschutzgesetz wier guer net schlecht, soen och déi engagéiert Organisatioune wéi d'Alpa. Allerdéngs wier d'Ëmsetzen an d'Praxis net ëmmer optimal, sou d'Kritik. A Saache Puppy Yoga gëllt allgemeng fir d’Déiereschutzorganisatioune grad wéi fir d'Veterinären: Yoga mat Welpen an Déierewuel sinn zweeërlee!  

Back to Top
CIM LOGO