Agility WM zu Turku a FinnlandLëtzebuerger gëtt Vize-Weltmeeschter

Vidosava Kuzmic
Den Daniel Volz konnt sech mat sengem Hond "Scooby" eng Plaz um Podium sécheren. Den Duo krut an der Kategorie vun de groussen Hënn eng Sëlwermedail an der Eenzelwäertung.

16 Hond-Mënsch-Teams aus Lëtzebuerg si vum 22. bis de 27. September bei der Agility Weltmeeschterschaft a Finnland ugetrueden. Am "Gatorade Center" zu Turku hu sech am Ganzen 535 Participanten aus 38 Länner géintenee gemooss. D'Hënn respektiv d'Ekippe ginn dobäi jee no Gréisst an d'Kategorien Small, Medium, Intermediate a Large agedeelt. Esou kënne souwuel de klengen Jack Russell Terrier, wéi och de grousse Border Collie ënnert faire Konditioune weisen, wat se kënnen. An do kënnt et op Honnertstelsekonnen un!

D'Zil ass et, esou séier wéi méiglech duerch de Parcours ze lafen - an dobäi präzis ze sinn. Een eenzege klenge Feeler kann eng gutt Placéierung kaschten. All Sprong, all Tunnel, all Richtungswiessel muss also genee sëtzen.

"Bis den Hond esou wäit ass, fir op Weltniveau matzehalen, brauch et dräi Joer Training, mindestens", betount den Dan Feyder, deen zesumme mam Stéphane Baert als Teamleader dobäi war. Dass den Daniel Volz an de "Scooby" et am Large Eenzel op déi zweet Plaz gepackt hunn, wier een enorme Succès, wann ee bedenkt, wéi kleng déi lëtzebuergesch Agility-Community par rapport zum Ausland wier. "Et ass ee schonn houfreg, wann een de Sportler op enger WM mam Fändel op de Podium begleede kann", esou den Dan Feyder, deen och selwer mat sengem Hond ugetrueden ass.

Op der Weltmeeschterschaft goung et awer net nëmmen ëm déi individuell Resultater: d'Hondssportler - och déi aus Lëtzebuerg - sinn och an den Teamcompetitioune fir hiert Land ugetrueden. Nodeems d'Ekipp an der Kategorie Large d'lescht Joer eng drëtt Plaz konnt erreechen, goung et dëst Joer sou just net duer. Um Enn ass et eng véiert Plaz ginn, fir déi ee sech awer definitiv net schumme muss, fënnt den Dan Feyder.

Gelaf gëtt iwwregens net just am Agility, mee och am Jumping. Beim Jumping mussen d’Hënn virun allem sprangen, duerch Tunnellen an duerch de Slalom flitzen. Beim Agility kommen nach d’Kontaktzonen-Hindernisser dobäi – also eng Wipp, ee Steeg fir driwwer ze lafen an eng sougenannt A-Wand. Den Daniel Volz a "Scooby" hu sech an der kombinéierter Eenzelwäertung aus Jumping an Agility déi zweet Plaz geséchert. Fir Lëtzebuerg huet dës WM also mat engem staarke Resultat opgehalen.

Liest zu dësem Sujet och dat hei:

Back to Top
CIM LOGO