Rettungsversich fir Wal gestopptNet gewosst, ob den "Timmy" nach lieft

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Rettungsversich fir de Bockelwal "Timmy" gestoppt goufen, huet d'Déier seng Positioun och an der Nuecht net verännert.
Och den 2. Abrëll läit de Bockelwal "Timmy" nach op der selwechter Plaz virun der Insel Poel.
Och den 2. Abrëll läit de Bockelwal “Timmy” nach op der selwechter Plaz virun der Insel Poel.
© MARCUS GOLEJEWSKI/dpa Picture-Alliance via AFP

Fir de Bockelwal, dee wochelaang virun der Ostseeküst ronderëm geiert ass, gëtt et keng Hoffnung méi. D’Autoritéiten an Experten hunn e Mëttwoch déi aktiv Beméiunge fir d’Rettung vum Wal, deen a flaachem Waasser virun der Insel Poel festhänkt, gestoppt. “Mir gi fest dovun aus, datt d’Déier do stierwe wäert”, sot den Expert Burkard Baschek bei enger Pressekonferenz zesumme mam Ëmweltminister Backhaus vum Bundesland Mecklenburg-Vorpommern.

“Mir sinn allen Iddien nogaangen”, huet de Backhaus betount. Fir d’lescht wieren no engem weideren Avis nach emol all Usätz iwwerpréift ginn. All Bedeelegter wieren der Meenung, datt de Wal “seng Plaz fonnt” hätt. “Ech wënschen dem Wal, datt hien zur Rou kënnt”, betount de Minister. Et wier elo kloer, datt d’Déier elo stierwe géing.

Aktiv Rettungsversich wéi déi lescht Deeg soll et deemno net méi ginn. Fir de Wal gouf dem Backhaus no eng Spärzon ageriicht, déi vun der Police iwwerwaacht gëtt. Och Flich mat Drone wiere verbueden. De Minister huet all d’Leit dozou opgeruff, de Wal a Rou ze loossen. All Verstéiss géinge vun den Autoritéite konsequent poursuivéiert ginn.

Keng Beweegung an der Nuecht

Wéi et en Donneschdeg de Moien heescht, hätt de Wal sech och an der Nuecht net beweegt. Den “Timmy” louch en Donneschdeg de Moien an der selwechter Positioun an der Bucht. “Hien ass nach do”, sot e Spriecher vun der Waasserschutzpolice. Ob d’Déier nach lieft, konnt de Spriecher nach net soen.

Fir de Fall vum Doud vum “Timmy”, deen Experten no bannnent fënnef Deeg oder e puer Wochen antriede kéint, preparéiert sech de Mieresmusée Stralsund op eng wëssenschaftlech Analys vum Déier. Den Direkter Baschek huet betount, datt d’Preparatioun oder d’Ausstellung net am Vierdergrond stéingen, mä eng ëmfaassend Analys vum Gesondheetszoustand - wéi zu méiglechen Erkrankungen oder Auswierkunge vum Netz an der Schnëss.

De Greenpeace-Mieresbiolog Thilo Maack huet d’Pressekonferenz e Mëttwoch fir en Appell genotzt: D’Déier wier e Spigel vun deem, wat d’Leit de Mierer an de leschte Joerzéngten ugedoen hätten. “Mir verschmotze si, mir verseuche si, mir iwwerfësche si, mir zerstéieren d’Mierer am industrielle Moosstaf”,

De ronn 15 Meter laange Bockelwal schwëmmt zanter ronn véier Wochen duerch d’Ostsee. Leschte Méindeg dunn ass d’Déier fir d’éischt virun der Küst vu Schleswig-Holstein op enger Sandbänk hänke bliwwen. Nodeems hie vun Baggere befreit gi war, hat hie sech e Samschdeg viru Mecklenburg-Vorpommern an der Wismarer Bucht festgeschwommen.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO