Elo ass de Wal nees fräi. D’Déier huet sech dem Meeresbiolog Robert Marc Lehmann no, deen un der Rettung bedeelegt war, an der Nuecht op e Freideg aus eegener Kraaft befreit, nodeems an enger gréisserer Aktioun Baggeren de Wal gehuewen an ëm eng Aart Kullang gegruewen hunn.
An der Nuecht huet en dann déi lescht 10 Meter bis a méi déif Gewässer iwwerwonnen. Dem Robert Lehmann no wier et awer nach ze fréi fir ze vill Optimismus: Elo géif déi entscheedend Phas antrieden, an där misst séchergestallt ginn, datt de ronn 20 Tonne schwéiere Bockelwal net nees op enger anerer Plaz vun der Plage ugespullt gëtt a festsëtzt.
De Wal ass e Freideg de Moien am Zickzack duerch d’Ostsee geschwommen, ëmmer nees ënner Waasser getaucht a war fir méi laang Zäit och net ze gesinn. Et misst een en elo virsiichteg mat Booter begleeden a bis bei d’Küst eskortéieren, fir ze verhënneren, datt en nees a flaacht Waasser geréit. Heifir sinn zwee Schëffer vun der Waasserschutzpolice vu Schleswig-Holstein am Asaz, krut d’Noriichtenagence AFP vun der Police vu Kiel confirméiert. Experte géifen elo hoffen, datt d’Déier de Wee zeréck an d’Nordsee an an den Atlantik fënnt. D’Liewenskonditioune wiere fir grouss Waler an der Ostsee net adaptéiert.
D’Rettung vum Wal hat zanter e Méindeg ganz Däitschland an Otem an d’Autoritéiten op de Bee gehalen. Eng ganz Rei Versich iwwer d’Woch ware gescheitert, en Donneschdegowend war e weidere Versuch ofgebrach ginn, fir dem Déier, dat dem Meeresbiolog Robert Lehman no krank wier, eng Paus ze ginn. Och d’Déiereschutzorganisatioun Sea Shepherd hat gewarnt, datt de Wal eng Hautkrankheet hätt. Et gëtt dovunner ausgaangen, datt e scho méi laang an der Ostsee ënnerwee ass. Deemno soll et sech beim Wal ëm dee selwechten handelen, dee sech scho virun zwou Wochen an engem Fëschernetz verfaangen hätt.