Hëllef gesichtVum 23. bis de 25. Januar ginn nees d'Villercher zu Lëtzebuerg gezielt

RTL Lëtzebuerg
Fir de Bestand vun den heefege Vullenaarten am Grand-Duché aschätzen ze kënnen an d'Populatiounstrends iwwer d'Jore festzestellen, rifft natur&ëmwelt och dëst Joer nees zur Wantervullenzielung op.
© natur&ëmwelt / RTL Archiv

Schonn zanter enger Rei Jore rifft natur&ëmwelt d’Awunner zu Lëtzebuerger am Januar op, dobäi ze hëllefen, déi heefegst Vullenaarten am Grand-Duché ze zielen. Esou kann d’Asbl d’Populatioune besser aschätzen.

Alles wat een dofir muss maachen ass vum 23. bis de 25. Januar d’Vulle wärend enger Stonn an Ärem Gaart oder um Balcon ze kucken an ze zielen. Mat engem Flyer vun natur&ëmwelt kënnen d’Leit d’Vulle bestëmmen an notéieren, wéi vill Vulle vu wéi enger Aart si gesinn hunn. Et muss een awer gutt oppassen, well ee Villche sollt ni e puer Mol gezielt ginn. Wéi natur&ëmwelt schreift, soll een “nëmmen déi héchsten Zuel pro Aart opschreiwen, déi Dir zu engem Ablack gesinn hutt”.

© natur&ëmwelt

De ganzen Detail fannt Dir um Site vun natur&ëmwelt.


Weider Artikelen zum Theema:


Back to Top
CIM LOGO