Dobäi ass d’Zielen an d’Bestandsopnam vun deene verschiddenen Zorte virun allem fir Naturschützer ganz wichteg. Aus deem Grond steet de Januar ganz am Zeeche vun der Vullenzielung.
Net just eng, mee direkt zwou Vullenzielunge sinn dëse Mount zu Lëtzebuerg. Bei deenen enge geet et virun allem ëm déi Vullen, déi um Waasser liewen, bei där anerer ka jidderee matmaachen an d’Villercher bei sech am Gaart oder um Balcon zielen.
Déi international Waasservullenzielung war de Weekend vum 16. Januar an ass ee Projet vu Wetlands International. Lëtzebuerg mécht zanter e puer Joer mat. Et geet drëms, dass zäitgläich a ville veschiddene Länner Waasservulle gezielt ginn. Domadder kritt een e gudden Abléck an d’Verhalen an d’Populatioune vun deene verschiddenen Zorten. Sou weess een zum Beispill, dass de Bestand vun Nilgänsen iwwert d’Joren ëmmer méi grouss ginn ass. Obwuel dës Zort sech 2007 iwwerhaapt réischt déi éischte Kéier hei am Land gebréit huet. Fir d’Waasservullenzielung si virun allem Experte gefrot, well net ëmmer ass et evident, déi eenzel Vullen och richteg ze bestëmmen. Heiansdo gesäit ee si och just vu wäitem an da brauch een och dat richtegt Geschier. Dozou zielen eng Spektiv oder e Fernrouer. Am Ganze maachen 143 Länner mat, zu Lëtzebuerg
waren de Weekend ronn 40 Ornithologen um Tour. All déi grouss Gewässer sinn zäitgläich gezielt ginn.
De Patric Lorgé an d’Isabelle Zwick sinn zwee Ornithologen a sinn d’Musel vu Schenge bis op d’Spatz zu Waasserbëlleg fir d’Aktioun ofgaangen. De Patric Lorgé huet säin Hobby zum Beruff gemaach. D’Isabelle Zwick ass iwwert eng Formatioun, déi Natur an Ëmwelt ubitt, drop komm. Déi geet iwwer zwee Joer an ass
ongeféier eemol d’Woch mat och emol Ausflich op den Terrain um Weekend.
Doduerch, dass alles zäitgläich geschitt, sinn dës Donnéeën eng gutt Basis, fir och wëssenschaftlech ze schaffen.
Fir d’Wantervullenzielung muss een dogéint keen Expert sinn. Déi ass de leschte Weekend am Januar. Hei kann eigentlech jidderee matmaachen. Déi néideg Informatioune fënnt een déi Woch ier et lassgeet um Site vun der Organisatioun Natur an Ëmwelt.
D’Reegele sinn einfach, et soll een eng Stonn laang zielen, de geneeën Zäitpunkt kann ee sech selwer raussichen. Et muss ebe just un deem Weekend sinn. Fir net ee Villche puermol ze zielen, soll een déi maximal Unzuel u Vulle vun enger Zort, déi ee gläichzäiteg gesäit, zielen. Wann een zum Beispill 5 Spatze gesäit an duerno nach eng Kéier een, schreift een der 5 op an addéiert net op 6. Trotzdeem bleift ëmmer nach bei der Zielung eng héich
Feelerquot. Dofir gesäit een et virun allem als Sensibiliséierungscampagne. D’Leit setze sech mat der Natur an de Villercher auserneen. An trotzdeem loosse sech sou och Trends erkennen, wéi eng Populatioun heefeg oder manner dacks opdauchen. Dat kann dann Ustouss fir eng wëssenschaftlech Ënnersichung ginn.
Vill Succès huet een, wann een e Fudderhäischen am Gaart oder um Balcon huet. Dann ass d’Chance méi grouss, dann och wierklech an der Stonn e puer Vullen zu Gesiicht ze kréien. Vulle fannen am Wanter manner ze friessen, virun allem wann eng Schnéidecke läit, da kann een duerchaus fidderen. D’Haische sollt een awer gutt propper halen. An der kaler Joreszäit fléie vill Zuchvulle laanscht, déi kéinte Krankheeten iwwerdroen. Et sollt ee keng Iessensreschter wéi Brout fidderen. Do ass vill ze vill Salz dran, wat virun allem kleng Vulle schlecht verdroen.
D’Aarbecht vun Ornithologen hält awer net op no dëser enger Zielung am Wanter. Déi systematesch Zielung dat ganzt Joer iwwer nennt
ee Monitoring. Iwwert eng App ginn esou d’Joer 140.000 Donnéeën iwwert déi Lëtzebuerger Vullewelt gesammelt. Sou kënne si aktuell Entwécklungen ëmmer gutt iwwerwaachen. All Fréijoer komme jo och ëmmer nees nei Déieren op d’Welt an da geet d’Zielen nees vu vir lass.