
Den Zoo vun Amnéville huet e Mëttwoch annoncéiert, dat een den entwëschte Séiaadler Ryu nees afänke konnt. De Gräifvull war kuerz no senger Flucht zu Roussy-le-Village, net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz, entdeckt ginn. Hien hat sech do an enger Eech néiergelooss, wéi Fotoe vu lokale Leit weisen.
De Ryu war de Weekend wärend engem Training fortgeflunn. Well de Séiaadler a Gefaangenschaft opgewuess ass, hunn déi Responsabel vum Zoo hien nees missen afänken.