Iwwer 100 Landminnen a Sprengkierper huet dës afrikanesch Rat an hirer Karriär detektéiert. Elo ass si am Alter vun 8 Joer gestuerwen.

Wéinst hirer aussergewéinlecher Aarbecht gouf si als éischt Rat mam héchste britteschen Uerde fir Déieren ausgezeechent. Bannent de leschte Joren huet de Véierbeener ronn 225.000 Quadratmeter Land genau ënnert d'Lupp geholl an nees zougänglech gemaach, wat 42 Futtballfelder entsprécht. Mat Erfolleg: iwwer 100 Landminnen an aner Sprengkierper huet d'Rat, déi ursprénglech aus Tansania kënnt, detektéiert. No enger erfollegräicher Karriär goung et am Juni 2021 an déi wuelverdéngte Pensioun.

De Weekend ass de Magawa am Alter vun 8 Joer verscheet, huet déi belsch NGO Apopo wësse gedoen. Si wieren traureg iwwert de Verloscht a gläichzäiteg dankbar fir d'Aarbecht, déi dës Rat geleescht huet. Déi lescht Deeg wier d'Déier méi midd gewiescht wéi soss an hätt och manner gefriess. De Weekend wier se du friddlech vun eis gaangen, sou Apopo an engem Schreiwes.

Apopo huet de Magawa trainéiert, op speziell chemesch Komponenten a Sprengstoffer ze reagéieren. 30 Minutte sinn der Rat duergaangen, fir en Tennisfeld genee z'inspizéieren. Mat engem konventionelle Metalldetekter géing dat 4 Deeg daueren. Eng grouss Leeschtung also fir esou ee klengt Déierchen. Als Belounung goufen et ënnert anerem Banannen an Afennëss - dat ware seng Liblingssnacken.

Wärend dem Krich am Kambodscha, deen no bal dräi Joerzéngten am Joer 1998 op en Enn goung, goufe Millioune vu Landminnen uechtert d'Land verdeelt. Zéngdausende Leit hunn net iwwerlieft. Medien no sinn den Ament eng 40 Raten am Asaz, déi reegelméisseg op d'Sich no Landminnen a Sprengkierper ginn. Zil ass et, bis 2025 fräi vu Minnen ze sinn.