An eiser Serie hu mir eng Partie Aktivitéiten erausgesicht, déi Dir wärend der Summervakanz an am Alldag kënnt mat Ärem beschte Frënd ënnerhuelen.

Eng grouss Auslaffläch mat Drot ronderëm, wou Muppe matenee spillen, rolzen a renne kënnen: d'Hondswise kommen net just bei de Véierbeener, ma och bei hire Meeschtere gutt un. Dofir bidden ëmmer méi Gemengen zu Lëtzebuerg esou Wisen un. Well op dëse Plazen den Hond net muss un der Léngt gehale ginn, ass Spaass fir d'Fellnuese virprogramméiert. Allerdéngs muss een op den Hondswisen och op eng Partie Saachen oppassen.

Beweegung, Austausch a Kommunikatioun

Ob am Bësch, a Parken oder Feldweeër: en Hond fräi ouni Léngt lafen ze loossen, ass op ville Plazen net erlaabt oder net gär gesinn. Op den Hondswise kënnen d'Muppen en Deel vun hirer Energie lass ginn, andeems si déi grouss Arealer erop an erof lafe kënnen. En héijen Drot hënnert si drun, sech onerwaart aus dem Stëbs ze maachen an d'Ëmgéigend op eege Fauscht z'entdecken.

Am Wanter bidden dës Enclosen och eng flott Alternativ, wann ee sech am Däischteren net esou wuel fillt, fir da mat sengem Mupp op engem Feldwee spadséieren ze goen, esou den Hondstrainer Mike Peter. De Besuch op esou engem Terrain ersetzt net de konstruktiven Trëppeltour op engem Trottoir laanscht d’Strooss. Et kann een awer déi zwee matenee verbannen. Wann de Véierbeener mol aus Gesondheetsgrënn net däerf ze wäit trëppele goen, dann ass esou eng Hondswiss genee dat Richtegt, fir him awer e bëssen Auslaf ze ginn.

RTL

Hondswiss zu Eech / © RTL

Sozial Kontakter kënnen den Hënn richteg gutt doen. Grad Déieren, déi als Eenzelhond doheem gehale ginn, kënnen op dëse Plaze léieren, mat hiren Aartgenossen ze kommunizéieren an ze spillen. Virun allem, well de Meeschter net ëmmer mat der Léngt niewendru steet an agräift, mä d'Hënn sech via Kierpersprooch ënnertenee verstännegen. Sollt eng Hondsbegéinung eskaléieren, kann de Meeschter awer relativ séier agräifen an d'Déiere vuneneen trennen. Den Handy oder d'Buch soll ee beschtefalls an der Täsch respektiv an der Posch loossen, well och wann de Mupp rennt a mat anere rolzt, soll een en net aus den Ae loossen. Eng onerwaarte Situatioun kann op enger Hondswiss séier optrieden. Den Hondstrainer Mike Peter géing et hëllefräich fannen, wann op esou Terrainen e puer Grondreegele géinge bestoen. Och wann dat fir déi eng näischt Neies ass, kann dat awer hëllefen, fir esou Eskalatiounen ze vermeiden. E Land, an deem dat schonn agefouert ginn ass, ass Éisträich.

RTL

Hondwiss zu Iechternach / © RTL

Fir déi eng Spaass, fir déi aner Stress

Éier ee sech entscheet, op eng Hondwiss ze goen, wier et gutt, wann de Véierbeener d'Muppen-ABC kennt a beherrscht. En Déier, dat net sozialiséiert ass a sengem Meeschter net follegt, ka fir Onrou op der Wiss suergen. Muppen, déi reegelméisseg no anere schnapen oder bäissen, soll ee léiwer net mathuelen, well se eng Gefor fir anerer duerstelle kéinten. Och immens ängschtlechen Hënn mécht een op enger Hondswiss kee Gefalen. Nom Feierowend kann et duerchaus mol virkommen, datt eng 20-30 Muppe gläichzäiteg op e puer honnert Quadratmeter ouni Léngt ronderëm lafen. Fir en ängschtlechen Hond kéint dat mol ongemittlech ginn. Hei gëtt recommandéiert, als éischt - eventuell zesumme mat engem Hondstrainer - un dëse Problemer ze schaffen, éier ee sech op eng Hondwiss traut.
Bei engem ängschtlechen Hond ass et hëllefräich, fir sech mat den anere Proprietären ofzeschwätzen, éier ee mat him op d’Wiss geet. Et soll ee versichen, keen anere Mupp u säin erunzeloossen, fir datt en e rouege Beräich fir sech huet. Dës Übung fënnt de Mike Peter ganz sënnvoll, zemools, wann een d'Déier nach net laang huet an et nach gëllt, fir Vertrauen opzebauen. Et kann d'Übung och just mat Muppen a Leit duerchféieren, déi de Véierbeener scho kennt. Am Kader vun dësem Training kann ee sengem Hond d’Léngt och uloossen. Spillt de Flocki gär mat aneren Aartgenossen, soll een d’Léngt virum Terrain ausdoen. Besonnesch esou Flexiléngte kënne geféierlech si fir Mënsch an Déier, wann Hënn beim Spillen d'Léngt net gesinn.

Wiss propper halen

Fir dass d'Hondswise weiderhin attraktiv bleiwen, ass et wichteg, se propper ze halen. Net seele kënnt et vir, datt d'Déieren hiert grousst Geschäft matzen op der Wiss hannerloossen. Fir ze verhënneren, datt aner Leit dran trëppelen an d'Sauerei duerno um Schong pechen hunn, ginn d'Hondsbesëtzer gebieden, de Knascht vun hirem Véierbeener opzerafen an z'entsuergen.

Huet ee keng "Kacktut" dobäi oder d'Reserv scho wärend dem Trëppeltour opgebraucht, ginn op den Hondswise Plastikstuten zur Verfügung gestallt. Ma och uechter d'Gemenge fënnt ee genuch där Spenderen. Eleng an der Stad Lëtzebuerg ginn op ronn 400 Plazen esou Tuten ugebueden.

RTL

© Shutterstock

Geféierlech kéint et ginn, wann aner Muppen d'Fäkalien iessen. Sollte Bakterien oder Parasitten am Kot sinn, kéinten d'Déieren dovu krank ginn.

Apropos krank Hënn: Op Hondswisen iwwerdroe sech séier mol Bakterien, Krankheetserreeger oder Parasitten. Dowéinst ass et immens wichteg, e Bou ronderëm anere Fellnuesen ze maachen, wann ee weess, dass den eegenen Hond eng ustiechend Krankheet oder grad deen Ament Fléi oder aner "Matbewunner" huet. Eng leefeg Mudder soll een och net op eng Hondswiss mathuelen.

Grouss Auswiel un Hondswisen

D'Lëscht vun den Hondswisen zu Lëtzebuerg ass laang. Eleng an der Stad ginn et der 16, ënnert anerem um Boulevard Pierre Dupong nieft dem Märeler Park, um Cents an der Rue Auguste Trémont oder zu Eech an der Rue Laurent Ménager (Parc Laval). Zwou Fläche vu jeeweils 600 Quadratmeter bitt d'Gemeng Walfer zu Bäreldeng an zu Helsem un. Zu Konsdref beim Centre polyvalent Kuerzwénkel, am Hesper Park, zu Keel, am Mierscher Park, wéi och zum Beispill zu Iechternach beim Séi kënne sech d'Véierbeener austoben. Vill Méiglechkeeten, fir Zäit mat sengem Hausdéier ze verbréngen an him Auslaf a sozial Kontakter z'erméiglechen.

Den Hondstrainer Mike Peter géing sech wënschen, datt nach weider Gemengen esou Enclosen ariichte géingen, besonnesch och hautzedaags, wou et ëmmer méi Hënn ginn. Op enger Fläch vun 20 op 40 Meter oder méi grouss hätte se d’Méiglechkeet, e bëssen ze lafen an ze spillen.

Aner Episoden aus dëser Serie

Episod 1: D'Heemecht zu 2 iwwer Wanderweeër entdecken