Den Orca, dee wuel krank ass a sech an d'Seine verlaf huet, soll mat Wal-Geräischer a Richtung Mier gelackelt ginn.

Mat enger Dron soll de Virgang, de Schwäertwal a Richtung Mier ze leeden, iwwerwaacht ginn. D'Déier, dat sech an der Géigend vun der nordfranséischer Küst ophält, géing dauernd hin an hier schwammen, mä net Richtung Mier.

Donieft ass den Orca immens schwaach an huet nëmme geréng Iwwerliewenschancen. Duerch d'Geräischer géing en Asaz mat engem Schëff, deen de Stressniveau vum Déier nach erhéije kéint, evitéiert ginn.

Spekuléiert gëtt, ob de Wal sech an d'Seine verlaf huet, well e krank ass a sech an de méi rouege Gewässer méi liicht ernäre kann. Méiglecherweis ass et och e Klengen, dee seng Grupp verlooss huet an elo isoléiert ass.