De Publikumsmagnéit vum Oslofjord ass dout. Well d'Gefor fir d'Mënschen ëmmer méi grouss gi wier, hätt een déi schwéier Decisioun mussen huelen.

Zanter Mëtt Juli ass déi 600kg-schwéier Walross-Damm ëmmer nees opgefall, well se gären op kleng Booter geklommen ass, fir sech dorop ze sonnen. Net all déi Booter hunn dat awer gutt verkraaft, well se net fir sou Gewiichter ausgeluecht sinn. An de leschte Wochen ass e reegelrechten Hype ronderëm d'Freya entstanen a masseg Touriste sinn extra dohi gefuer, fir d'Freya beim Sonnen ze beobachten. D'Zeitung "Verdens Gang" hat souguer extra e Livestream ageriicht.

Elo hunn d'Autoritéiten dann awer déi schwéier Decisioun geholl d'Freya anzeschléiferen, well d'Leit sech net un d'Recommandatioune gehalen hunn, dach w.e.g. Ofstand zum Déier ze halen. Si sinn deels mat hire Kanner ganz no un d'Freya erugaangen, fir Fotoe mat him ze maachen. Dat wier einfach ze geféierlech. Et hätt een keng Méiglechkeete gehat, fir d'Wuel vum Déier kënnen ze garantéieren, grad ewéi fir d'Sécherheet vun de Leit.

An de soziale Medien gëtt net mat Kritik un der Decisioun vun den norwegeschen Autoritéite gespuert. Well d'Leit sech net un d'Recommandatioune géifen halen, hätt elo en Déier musse stierwen, esou e Groussdeel vun de Virwërf.