
Eenzel Déiere hätte beim Ongléck baussecht Verletzungen op der Haut gehat an et hätt ee se mat Desinfectant gebuet, fir d’Fësch ze behandelen, sou eng Porte-parole vum Berliner Zoo e Mëttwoch. Siwe Fësch ware schonn dout, wéi se ukomm sinn oder si kuerz drop gestuerwen.
Ronn 200 Déiere waren de Weekend an den Zoo bruecht ginn, dorënner eng 40 Salzwaasserfësch. Si sinn a Quarantän-Becken.

Lescht Woch e Freideg war de groussen Aquarium mat 1.500 Fësch an engem Berliner Hotel an der Géigend vum Alexanderplatz geplatzt. Eng Millioun Liter Waasser sinn ausgelaf an hu sech am Hotel an op der Strooss verdeelt. Bal all d’Fësch sinn dobäi ëmkomm.
Berlin: 16 Meter héijen Aquarium platzt, Hotellobby a Strooss ënner Waasser
Geplatzen Aquarium: Eng Partie Fësch konnten aus dem Hotel gerett ginn