Kee brave Mupp?Schéiferhond "Commander" suergt fir Opreegung am Wäissen Haus

RTL Lëtzebuerg
Den Hond vum US-President huet schonn e puer Mol Mataarbechter vum Secret Service gebass. Och den Joe Biden a seng Fra hätte keng Kontroll iwwert de Mupp.
De Commander
De Commander
© Samuel Corum / AFP

Wéi et an engem Schreiwes vum US-Heemechtsschutzministère heescht, hätt de Schéiferhond eleng an de Méint tëscht Oktober 2022 a Januar 2023 op d’mannst zéng Mol Beamte vum Secret Service gebass oder anescht ugegraff. Ee Beamten hätt souguer missen an der Klinik behandelt ginn.

Deemno hätt de Commander bei engem Trëppeltour mat der First Lady Jill Biden een Agent attackéiert. “D’First Lady konnt de Commander net nees ënner Kontroll bréngen an hien ass weiderhi ronderëm mech gelaf”, huet de Beamten erkläert. De Mupp géing him no “immens aggressiivt Verhalen” opweisen.

E Mount méi spéit wier den Hond mam US-President selwer ënnerwee gewiescht. Wéi den Joe Biden de Mupp vun der Léngt gelooss huet, wier dësen op en Agent duergelaf an hätt dësen eng Kéier an de lénken ënneschten Aarm an ee Mol an den Daum gebass. De Beamte vum Secret Service hätt seng Schicht dono awer fäerdeg geschafft.

D’Beamte vum Secret Service si fir de Schutz vum President a senger Famill responsabel a ginn deemno iwwerall mat hinnen mat. Esou kéint et sinn, datt si fir Hënn mat Beschützerdrang e méiglecht Feindbild duerstellen. Enger Spriecherin vum US-President no wier d’Wäisst Haus eng immens stresseg Plaz. “Dir kënnt Iech also virstellen, wéi dat fir e Familljenhausdéier ass.”

D’Personal vum Wäissen Haus géing awer mam Secret Service zesummen u Protokolle schaffen, an deene festgehale gëtt, wéini de Commander un der Léngt gehale muss ginn. Donieft soll och definéiert ginn, wou de Mupp fräi ronderëm lafen a spille kann.

De Commander koum am Dezember 2021 als Welpen an d’Wäisst Haus a war e Gebuertsdagskaddo vum Joe Biden sengem Brudder James.

Back to Top
CIM LOGO