D'Laura Scheuer vermëttelt Stroossenhënn aus Rumänien. Datt déi genee sou vill drop hu wéi Muppe vum Ziichter, wollt hatt op der däitscher Tëlee beweisen.

Viru gutt 3 Joer huet d'Laura Scheuer säi Liewen op d'Kopp geheit an ass mat sengen zwee Hënn a Rumänien ausgewandert, fir do Stroossenhënn e bessert Liewen z'erméiglechen. Zanterhier schafft hatt an engem privaten Asyl an der Géigend vu Bukarest.

Hënn ze vermëttelen, ass awer keng einfach Missioun. Do brauch et och emol méi innovativ Aktiounen. Esou war dem Laura dëse Summer eng Iddi quasi "an de Schouss gefall": eng Participatioun bei der Tëleeshow "Top Dog Germany". Wéi hatt gesinn hat, datt en Hondstrainer mat sengem Mupp matgemaach huet, huet d'Laura sech geduecht: "Dat ass dach eigentlech eng gutt Reklamm fir hien." Iwwerzeegt dovun, datt d'Stroossenhënn aus dem Asyl genee esou vill drop hu wéi déi vun engem Trainer, war d'Laura decidéiert, mat engem vu senge Muppe bei "Top Dog Germany" matzemaachen.

RTL

© Laura Scheuer

Mä, mat wéi engem vun de bal 150 Muppen?

Net all d'Hënn aus dem Asyl a Rumänien koumen awer fir eng Participatioun a Fro. D'Muppe sollen nämlech gewësse Konditiounen erfëllen, fir kënne bei esou enger Show matzemaachen. Engem ängschtlechen Hond sollt een déi vill Leit an de Kaméidi net undoen. Doriwwer eraus mussen d'Hënn frou mat Waasser sinn, soss kënne si de Parcours guer net ganz packen. Weider sollte se intelligent sinn, wéi och op Mënsche fixéiert. Esou koume 5 Hënn aus dem Asyl a Fro. Fir awer genee ze gesinn, wie sech traue géing, esou e Parcours ze maachen, a wien am beschten trainéiert ka ginn, huet d'Laura Scheuer e Miniparcours opgeriicht.

Agility-Training mat engem Mupp aus dem Asyl

Beim Testlaf ass d'Decisioun du séier op den Erou gefall. De Baaschtert wier vun Ufank un dobäi gewiescht an dat "ouni Angscht". Trotzdeem huet den Duo sech nach missen op de Parcours an der Show virbereeden. Dowéinst huet d'Laura am Summer vum waarme Wieder a Rumänien profitéiert, fir esou dacks wéi méiglech mam Erou an eng Hondsschwämm ze goen. Wéi d'Wieder du méi schlecht gouf, huet d'Laura probéiert, den Erou all puer Deeg aus dem Zwinger ze huelen, fir ze trainéieren. Um Ufank hätt dat och "super geklappt", ma mat der Zäit hätt den Erou net méi vill Loscht gehat. Hien hätt wuel gemierkt, datt hie just esou dacks aus dem Zwinger geholl gouf, fir ze trainéieren an dono erëm dra muss. Doropshin huet d'Laura d'Strategie gewiesselt an ass virum Training ausgibeg mam Erou spadséiere gaangen. No de laangen Trëppeltier wier den Erou dann och erëm méi motivéiert gewiescht. E puer Woche virum groussen Dag huet den Duo dann all Dag trainéiert.

RTL

© Laura Scheuer

U Kontakt mat Mënschen a Reese gewinnen

Zu esou enger Show gehéiert awer net just, datt den Hond fit fir de Parcours ass, mä och un aner Hënn a Mënsche gewinnt ass. D'Liewe mat ville Muppe kennt den Erou schonn aus dem Asyl, ma fir hien och u méi Leit op enkem Raum ze gewinnen, ass d'Laura mat him Akafe gaangen, an de Baumaart gefuer oder mat him an e Café gaangen.

Och gereest war den Erou virdrun nach ni. Scho guer net esou eng laang Streck wéi vu Rumänien bis an Däitschland. Fir datt d'Rees net ze laang gëtt, hat d'Laura 5 Tëschestoppen ageplangt. Esou hat den Erou Zäit, sech engersäits un d'Reesen ze gewinnen, anerersäits awer och dorun, nei Plaze kennenzeléieren. Éier et an de Studio op Köln goung, war d'Laura e puer Deeg zu Lëtzebuerg bliwwen, fir datt den Erou sech nach eng Kéier erhuele kéint, datt hie fir d'Show net "mental midd" wier.

RTL

© Laura Scheuer

Trotz ville friemen Andréck e ganz brave Mupp

Wéi de groussen Dag dunn do war, wier den Erou e ganz brave Muppe gewiescht, dee bei allem super matgemaach hätt - esouguer de Veterinärscheck hätt d'Pelznues gutt iwwer sech ergoe gelooss. Vun alle Säite wier Luef komm an hien hätt dem Laura "dat Ganzt einfach gemaach". An och mat deenen anere Muppen hätt hie kee Problem gehat a sech ganz roueg "tëscht all d'Hënn geluecht", fir ze rouen. Allgemeng wier et awer och eng "schéi Community" bei Top Dog, wéi d'Laura erzielt. Bis haut huet hatt nach Kontakt mat deenen anere Participanten, déi all aus dem selwechte Grond bei der Show waren: d'Léift zu de Muppen.

Wéi den Erou an d'Laura bei Top Dog Germany ofgeschnidden hunn, kënnt Dir e Freideg den Owend beim däitschen RTL suivéieren. Adoptéiere kënnt Dir den Erou glécklecherweis net méi - hie konnt no bal annerhallwem Joer am Asyl nach virun der Emissioun vermëttelt ginn.

Méi iwwert d'Déiereschutzorganisatioun "Das schwarze Schaf", fir déi d'Laura schafft, souwéi d'Asyl a säi Privatliewe gitt Dir den Owend an der eiser Emissioun "Live Planet People!" gewuer.