Réi, Huesen a Bodenbrüter, déi elo am Fréijoer bis an de Summer op d’Welt kommen, leie ganz gär am héije Gras oder an de Kärefelder.

Do gi se dacks Affer vu Méimaschinnen. Dofir huet sech de Landwirtschaftsministère zesumme mat der ASBL "Sauvons Bambi" an der Jeeërfederatioun zesummegedoen, fir ze sensibiliséieren.

Réihkitz-Rettung Dronen / Reportage: Annick Goerens

Et geet drëm, souvill wéi méiglech Réikitzen ze retten an dat geet just an Zesummenaarbecht mat allen Acteuren. Virop huet den Nico Eich, selwer Jeeër an Dronepilot, dee mat der ASBL "Sauvons Bambi" zesummeschafft, een Appell gemaach.
 
“Baueren, wgl mellt Iech mat Zäit bei den zwee Acteuren. Dat heescht, vun der Jeeërfederatioun a vu Sauvons Bambi. Maacht e Méiplang a sot eis, wéini dir ongeféier méint. Mir kartographéieren hir Terrainen. Déi ginn an d’Fernbedienung agespeist an de Pilot geet dann dohinner.”

D’Responsabilitéit läit op alle Fall fir d’éischt beim Bauer, deem d’Feld gehéiert, betount och de Vizepresident vun der Jeeërfederatioun Marc Reiter.
 
“Dir hutt do der Enger an der Aner. Et si ganz vill Leit, déi wëlle matschaffen, mee dir hutt natierlech ëmmer verschidden Herrschaften, déi dat vläicht net, aus wëllege Grënn och ëmmer, maachen. A mir mussen déi iwwerzeegt kréien. Déi Leit, déi dat net maachen, musse sech iergendwann bewosst sinn, dass se géint Gesetz verstoussen. Mir hunn een Déiereschutzgesetz, wat ganz kloer ass, wat jiddereen opfuerdert, engem Déier kee Leed ze dinn. Dat zielt genausou fir de Bauer, wéi fir déi aner Leit och.”

 
Och fir de Christian Hahn President vun der Landwirtschaftskummer ass et kloer, dass d’Baueren hir Verantwortung ze droen hunn. Mee:
 
“Et ass ëmmer Zäitdrock déi Saison. Wann d’Wieder gutt gemellt ass, als Beispill wéi d’lescht Joer, da wëll een och séier virukommen. Dofir soll een och mat Zäit Kontakt ophuelen, dass déi Leit bereet sti fir den Ament, wou ee méint.  A wat eben ass, wann een Hee méint an dat geet ebe méi spéit an de Juni eran, da kënnt d’Technik un hir Grenzen, well een ebe mat thermescher Kamera flitt. Et gi vill aner Methoden. Lassméinen den Dag virdrun oder Géigestänn ophänken, déi Kaméidi maachen oder blénken.”  

Et wier och all Bauer dru geleeën, kee Réikitz z’erwëschen, net just well een dat mënschlech net wëll, mee och well duerno d’Fudder fir d’Béischten net méi ze gebrauchen ass. D’Initiativ ass vum Landwirtschaftsministère ausgaangen, fir all d’Acteuren un een Dësch ze bréngen. Déi zoustänneg Ministesch Martine Hansen:
 
“Déi gréisst Erausfuerderung ass éischtens, wa geméint gëtt, dat ass e kuerzen Zäitraum. Virun allem elo den éischte Schnatt, fir dass mer do genuch Fräiwëlleger hunn, déi, wann de Bauer sech mellt, mat hëllefe ginn op den Terrain. Dat heescht, mir brauchen Dronepiloten a mer brauche Leit, déi wann den Dronepilot ee Réikitz fonnt huet, déi mat ronderëm sinn, fir d’Réikitz sichen ze goen an et duerno nees zeréckzesetzen. Do brauche mer definitiv nach Fräiwëlleger.”
 
De Landwirtschaftsministère gëtt dann och eng finanziell Bäihëllef fir d’Formatioun vun Dronepiloten a vun deene Leit, déi mat de Réikitzen ëmginn an ënnerstëtzt och d’ASBL "Sauvons Bambi", präziséiert nach d’Martine Hansen.
 
De Ministère huet dann och een Inventar erstallt mat enger ganzer Kartographie, wou de Bauer direkt erëmfënnt, wien a senger Gemeng de richtegen Uspriechpartner ass.