Privat Andréck
Fotoe vum Cocktail an Iessen no der reliéiser Hochzäitsfeier

© Image Instagram / Grande-Duchesse Maria Teresa
D'Grande-Duchesse huet knapp véier Deeg no der kierchlecher Zeremonie vun hirer Duechter a Südfrankräich e puer privat Andréck vun der Feier gedeelt.
Déi elegant Dekoratioun op der Hochzäitsfeier vun der Prinzessin Alexandra mam Nicolas Bagory gouf vun der Grande-Duchesse perséinlech ausgewielt an zesummegestallt.
Den risegen Hochzäitskuch, eng Mëschung tëscht traditioneller Bottercrème-Taart a Bamkuch, deen zu Bormes-les-Mimosas zerwéiert gouf, ass iwwregens vun enger bekannter Lëtzebuerger Patisserie.
Am meeschte gelies