Dës Kéier allerdéngs net bei groem Wieder, mä ënnert der Sonn a Südfrankräich. Déi kierchlech Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra an dem Nicolas Bagory war zu Bormes-les-Mimosas an der Kierch Saint-Trophyme. Géint 16.15 Auer ass déi privat gehalen Zeremonie, fir déi keen héije Besuch erwaart gouf, lassgaangen. An engem elegante wäisse Kleed huet d’Prinzessin Alexandra virun der Kierch “Saint Trophyme” gewaart. Virun den Altor gouf si begleet vun hirem Papp, dem Grand-Duc Henri.
Kuerz virun 18 Auer koum d’Koppel dunn aus der Kierch an huet sech den Invitéeën awer och ville Spectateuren, déi de Wee op d’Plaz fonnt hunn, gewisen.
Am Reportage vum Magazin gesitt Dir exklusiv Andréck vun der kierchlecher Hochzäit tëscht der Prinzessin Alexandra an dem Nicolas Bagory.
An der Vergaangenheet huet een d’Prinzessin net heefeg bei offizielle Geleeënheete gesinn. Et ass deemno och net verwonnerlech, dass de Rack vun der Prinzessin e streng gehalent Geheimnis war. Um ziville Mariage hat déi jonk Braut e crèmefaarwege Kostüm mat passender Cape-Jackette un. Hire Bouquet huet aus douce rosae Päischtrouse bestanen.
D’Prinzessin ass dat véiert vu fënnef Kanner vun der groussherzoglecher Koppel an dat eenzegt Meedchen. D’Koppel hat am November d’lescht Joer hir Verlobung bekannt ginn.
Et ass iwwregens net déi éischt Hochzäit an der groussherzoglecher Famill, déi net zu Lëtzebuerg ass. De Prënz Félix an d’Claire Lademacher hate sech och ënnert der franséischer Sonn d’Jo-Wuert ginn.
Kierchlech Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra: Kuerzen Abléck an d’Kierch a Südfrankräich
Sonndesinterview mam Pierre Dillenburg: “Eng romantesch Feier fir eng diskret Persoun”
Den 22. Abrëll: Réckbléck op der Prinzessin Alexandra hir Hochzäit um Weekend