Den Olivier Catani wot sech op 200 Meter iwwer Jonglënster

Elo am Summer blécken eis RTL-Journalisten op dat lescht Joer zeréck a verroden eis, wéi ee Reportage hinnen am meeschte Spaass gemaach huet.
Den Ufank mécht den Olivier Catani. Säin Highlight ass ee Pisa-Reportage, deen hien a grouss Héichte bruecht huet: 200 Meter erop, ganz uewen op d'RTL-Antennen zu Jonglënster.
Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant: d’RTL-Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science sinn op déi 215 Meter héich Masten eropgeklommen.
Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa hu si gewisen, wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet an hunn erkläert, firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt.
A si hu mat hirem Egg-Drop-Challenge en Héichterekord opgestallt. Dobäi muss een e réit Ee vu ganz héich erof geheien, ouni dass et futti geet.

Wat huet dëse Reportage esou besonnesch gemaach?
Olivier Catani: "Dësen Challenge war esou besonnesch, well een op der Leeder fir erop de ganzen Zäit gesäit, wéi héich een ass. An d’Leeder gëtt mat der Héicht ëmmer méi senkrecht. Mir hu fir den Challenge missen eng extra Klamm-Formatioun maachen. En Dokter huet an engem Gesondheetscheck misse gréng Luucht ginn. A mir hu ronderëm de ronne Gebuertsdag vu Radio Luxembourg am Mäerz 2023 missen en Dag fanne fir den Tournage. En Dag wou net just de Mister Science an ech disponibel sinn, mee och déi zwee Techniker vu BCE, déi matgaange sinn. An den RTL Kameramann, deen och d’Sécherheetsformatioun matgemaach hat an den OK vum Dokter krut. Am Endeffekt hate mir mam 21. Februar en zimmlech waarmen a sonnegen Dag erwëscht. An et war bal kee Wand. Mir konnten impressionnant Biller filmen a wäerten deen Dag ni vergiessen."
Den Artikel fannt Dir hei. Déi ganz Pisa-Emissioun kënnt Dir Iech hei ukucken: