Vu Lëtzebuerg aus iwwerdroen d'Antenne vun RTL zu Jonglënster hiert Signal an déi ganz Welt.

LëtzebuergVu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.

Virun 90 Joer zu Jonglënster

Wéi e Radio vu Lëtzebuerg sech an Europa breet gemaach huet.

Geféierlech Aarbecht an der Héicht

Op wat ee beim Entretien vu Radio-Antenne muss oppassen.

Onerwënschten Nieweneffekt

Firwat ee fréier de Radio konnt am Telefon a Kullang lauschteren.

Neie Rekord

Wéi e réit Ee eng Chute aus 215 Meter iwwerstoe kann.

Fotogalerie