
Den neie Modell, deen un d'2CV aus der Vergaangenheet erënnert, soll 2028 op de Marché kommen a manner wéi 15.000 Euro kaschten. Domat wëll den Autosconstructeur en abordabelen Elektroauto fir den Alldag ubidden.
Den Design orientéiert sech staark um Original: vum Capot iwwer déi siichtbar Wischeren bis bei de Stoffdaach, deen opgerullt ka ginn. Och am Interieur ginn et originell Detailer, wéi e ee Picknick-Kuerf amplaz vun engem klassesche Handschufach. Eeërdëppercher an den Dieren erënneren un eng vun den Ufuerderungen, déi beim Entworf vun der éischter 2CV gestallt goufen: E Kuerf mat Eeër sollt eng Faart iwwer ee Feld kënnen iwwerstoen.
Déi ursprénglech 2CV gouf 1948 zu Paräis virgestallt. Si gouf zu engem grousse Succès. Déi lescht Exemplairë sinn 1990 a Portugal vum Band gelaf.
Déi nei Versioun wäert komplett elektresch sinn. Fir d'Fans vum Klassiker sollen awer e puer nostalgesch Elementer erhale bleiwen: Beim Ufuere soll den typesche Sound vum Original ze héiere sinn an och de Klaxon soll wéi fréier kléngen.
De franséische President Emmanuel Macron huet um Méindeg bei der Ouverture vun der Paräisser Autosfoire d'Innovatioun an d'Elektromobilitéit ervirgehuewen. Hie wëll déi europäesch Autosindustrie géint déi staark Konkurrenz aus Asien stäerken.
En Accord tëscht der EU a China soll den Import vu chineeseschen Hybridautoen op 350.000 Gefierer pro Joer begrenzen. Zousätzlech huet de Macron en Accord tëscht Frankräich an Däitschland ugekënnegt, fir déi europäesch Autosindustrie besser ze schützen.
Op der Foire huet de franséische President och den neien elektresche Citroën bewonnert.
