Ëmweltaktiviste kritiséieren, datt si net an Decisioun agebonne goufen

Schonn 2020 hate sech d'Ëmweltaktiviste fir d'Erhale vum Bobësch ausgeschwat, deen zum Deel dem deemools proposéierten Tracé vum Käerjenger Contournement sollt zum Affer falen. / © Lynn Cruchten (RTL-Archiv)
Virun de Chamberwale kënnt Beweegung an den Dossier "Käerjenger Contournement".
Mir goufen awer net mat agebonnen, kritiséiere Mouvement Ecologique Süden, Natur&Ëmwelt Gemeng Suessem an der Biergerinitiative Gemeng Suessem.
Si géife keng Informatioune méi aus éischter Hand kréien a misste sech mat Deklaratiounen a Pressecommuniquéen zefridde ginn.
Et wier een och net op déi gemeinsam Reunioun vun de Gemengeréit vun Suessem a Käerjeng en Donneschdeg den Owend invitéiert. Bei der Tunnel-Variant, déi am Fréijoer vum Ministère presentéiert gouf, wier dat nach anescht gewiescht.
Dobäi wieren et d'Recherchen an d'Aktioune vun den Ëmweltaktiviste gewiescht, déi dozou gefouert hunn, datt alternativ, méi ëmweltfrëndlech Strecke gesicht goufen.
D'Organisatiounen ënnersträichen, datt si déi nei Pläng genee wäerten analyséieren. An am Noutfall nees Aktioune starten, fir ze verhënneren, datt onnéideg Natur zerstéiert gëtt