Um Mëttwochnomëtten hunn d'Gemengeresponsabel vu Käerjeng a Suessem eng nei Variant fir de Contournement vum Minister François Bausch presentéiert kritt.

D'Tunnelvariant ass definitiv vum Dësch. Bei dëser neier Propos géif d'Streck allerdéngs iwwer den Terrain vun enger Entreprise goen.  Dës Firma, "Saint Gobain" ass direkt nieft der Käerjenger Gare situéiert. Wei et heescht, wär een a Verhandlunge mat de Responsabele vun dëser Entreprise.

Wéi mir vum Wirtschaftsminister Franz Fayot confirméiert kritt hunn, géif déi betreffend Firma Terrain an der Industriezon "Wolser B" zu Diddeleng kréien. Dësen Terrain war no un d'Eisebunn an d'A3 ugebonnen.  Dës Offer géif vun der Firma gepréift ginn. Virun Enn September wär hei awer mat kenger Decisioun säitens "Saint Gobain" ze rechnen.

Um Donneschden ass Sëtzung vum Schäfferot zu Käerjeng, wärend d'Buergermeeschtesch vu Suessem hir Sëtzung e Freideg huet. Et gesäit gutt aus fir déi Variant, déi um Mëttwoch vum Minister Bausch presentéiert gouf.

Den Tracé geet net duerch de Bobësch, dëse bleift also erhalen. Nëmmen un der Spëtzt vum Bësch, wou d'Firma "Saint Gobain" ugesidelt ass, wäerten e puer Beem ewechkommen.

Käerjenger Contournement / Reportage Dany Rasqué

Den nächste Méindeg 18. September sollen déi involvéiert Parteie viraussiichtlech e gemeinsame Communiqué zum Thema verschécken.*

*Den Transportministère huet präziséiert, datt keng Pressekonferenz zum Käerjenger Contournement, wéi mer et an enger éischter Versioun geschriwwen haten, virgesinn ass.