
Vill staatlech Bauprojete schleefe wéinst laange Prozeduren - ee groussen Chantier huet awer elo d'lescht Woch am Norden ugefaangen: de véierspueregen Ausbau vun der B7 tëscht Schieren an Ettelbréck, mam Bau vun engem neie Viaduc - ee Projet, deen ewell viru fënnef Joer an der Chamber gestëmmt gouf.
De groussen Stroossebau-Projet, deen op Minimum véier Joer ugesat ass, ass a Lousen ënnerdeelt, déi och eenzel fir Ausgabe vun 10 Milliounen Euro ausgeschriwwe ginn.
Initial gouf de Contournement 1993 ageweit - zanterhier gëtt op den Ausbau gewaart, well de kilometerlaange Réckstau um Wupp vun der A7 an Direktioun Norden, grad wéi de Stau an der Ettelbrécker Sortie all Dag Dausende Chaufferen Zäit an Nerve kaschten.
Bis dat zweet Lous vum Ausbau vun dräi op véier Spuere vun där Strooss kann ufänken, wäert nach op d'mannst ee Joer vergoen. Bis dohinner muss nach e Rapport vum Ëmweltministère iwwert d'Uleeë fir Wunngebidder fir Vullen an Eidechsen als ekologesch Kompensatiounsmesurë guttgeheescht ginn - d'Echsen hu missten ëmgesidelt ginn.
Da muss am Bierg fir op Noumer nach en Terrain ofgeholzt ginn, fir do preventiv archeologesch Ausgruewungen duerch den INRA ze maachen, sou datt de Chantier op där Plaz fréistens am Oktober d'nächst Joer wäert ufänken.
Dës Prezisioune gëtt d'Ministesch fir ëffentlech Aarbechten Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Norddeputéierte Jean-Paul Schaaf.