Datt op der Ettelbrécker Gare geschafft gëtt, ass wierklech net nei. Zanter knapp 10 Joer lafen d'Aarbechte mëttlerweil a verschiddenen Etappen. Am Fong hätte se just 5 Joer dauere sollen, mee deen Zäitplang gouf awer kloer net agehalen. Ma sou lues ass awer Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn, de Marc Hoscheid war sech op Ettelbréck ee Bild vum Chantier maachen.
Laang gouf op der Ettelbrécker Gare virop ënnert dem Buedem geschafft, ma mëttlerweil deet sech och iwwerierdesch eppes. Ufank vun dësem Joer hunn tëscht deem alen Areal vum Verband an de Schinnen nämlech d'Aarbechten un der Jugendherberg ugefaangen. Hei sollen herno eng 120 Better zur Verfügung stoen, an engem anere Gebai, dat direkt nieft der Jugendherberg gebaut gëtt, entstinn iwwerdeems eng 60 bis 90 administrativ Aarbechtsplazen. Architektonesch stécht de Bau spéider op alle Fall an d'An. De Chef de projet bei Bâtiments publics Christian Braun mat den Detailer:
"Mir fänken um Rez-chaussée respektiv um Sous-sol u mat Bëtong, iwwert der Busgare gëtt et dono eng Structure metallique, déi dann natierlech och mat Bëtong ausgesteift gëtt. Op der Säit vun der Gare gëtt et eng aussteifend Bëtongsstruktur, déi déi ganz Trapenhaiser a Fluchtweeër huet an de Rescht vun der Auberge de jeunesse a vun der Partie administrative ab dem 1. Stack gëtt eng Holz-Hybrid-Konstruktioun."
D'Gebai soll Enn 2028 fäerdeg sinn a wäert 63,4 Milliounen Euro kaschten. Nodeems d'Busgare an der Zäit alt mol op zwou verschidde Plazen opgedeelt war, ass se zanter Kuerzem direkt nieft d'Schinnen. Dat ass awer just eng provisoresch Tëscheléisung, wéi de Florent Puraye, Chef de division génie civile bei den CFL, erkläert.
"Déi ass op der Plaz, wou spéider dat zukünftegt Gleis 2 wäert hikommen, den éischte Quai, deen och wäert gebaut ginn. Gemaach hu mer dat Ganzt, fir Plaz fräi ze schafen, fir kënnen un de Gebaier vun der Auberge de jeunesse an dem Park&Ride ze schaffen. Spéiderhi wäert déi Busgare hei rëm fortkommen, déi definitiv Busgare wäert ënnert deenen zwee genannte Gebaier sinn an deen éischte Quaie wäert definitiv hei amenagéiert ginn."
D'Parkhaus, dat d'CFL vun nächstem Joer un direkt nieft d'Jugendherberg wäert bauen, wäert Plaz fir eng 400 bis 450 Autoe bidden a soll 2029 opgoen. Dobäi kënnt een neit sougenannt Bâtiment voyageurs, wou och nach ee Policekommissariat an ee klenge Commerce drakommen. D'Aarbechten un deem Gebai sollen 2029 ufänken a spéitstens Ufank 2031 fäerdeg sinn.
Schonn Enn 2028 soll iwwerdeems den Tunnel opgoen, duerch deen d'N7 an Zukunft op enger Längt vun 300 Meter ënnert der Gare verlafe wäert. Dat vun der Patton-Bréck am Norde bis bei d'Rue du Canal am Süden. De Marc Ries, Chef de division de la voirie de Dikrech bei Ponts et chaussées, weist sech mam Fortgang vun den Aarbechten zefridden:
"De Gros oeuvre ass bal ganz ofgeschloss, do feelen nach 60 Meter an dann hu mer dee fäerdeg. Hannert mir gesitt der déi südlech Ramp, wéi lo déi provisoresch Busgare verluecht ginn ass, konnte mer mat deenen Aarbechten ufänken. Deen Accès ass lo sou gutt wéi fäerdeg a lo si mer nach mat der Rampe du nord amgaangen."
Ganz zum Schluss wäert dann nach d'Rue Prince Henri zu enger Zort Shared Space fir Foussgänger a Busser ëmgebaut ginn. Den Ëmbau vun der Ettelbrécker Gare kascht um Enn, ouni d'Jugendherberg, 196,6 Milliounen Euro.