
Obwuel Lëtzebuerg direkt e puer Mol ugefrot huet an och datt verschidde Deputéiert insistéiert hunn, wäert d'Stroossevignette an der Belsch esou agefouert ginn, wéi et annoncéiert war. Et wäert een an Zukunft iwwerall eng Vignette brauchen, och an de Gemengen direkt un der Grenz an och déi Automobilisten, déi just e puer Kilometer um belsche Reseau ënnerwee sinn.
De Cabinet vum François Desquesnes, Vizepresident vun der wallounescher Regierung, huet d'Decisioun geholl. Eng Ausnamereegelung, déi ganz regional soll gëllen, wier deemno "ondenkbar". Bei der Vignette muss de Grondsaz vun der "Gläichbehandlung" gëllen. All Notzer vum Stroossennetz, ob aus der Belsch oder aus dem Ausland, soll sech un dëser Finanzéierung bedeelegen. De Modell, deen déi dräi belsch Regiounen zesummen ausgeschafft hunn, gesäit net vir, en Ënnerscheet ze maache bei der Hierkonft vum Auto oder bei der Streck, deen dësen um belschen Netz zeréckleet.
Dës Positioun kënnt zu engem Ament, andeem an der Wallonie de Budget konkretiséiert gëtt. D'Vignette, déi jo den 1. Mee 2027 agefouert soll ginn, soll ee vun de wichtegste Punkte vun der Finanzéierung vum Infrastrukturplang ginn. Mat dësem solle Stroossen ënnerhalen, Brécke sanéiert an d'Verkéiersnetz ausgebaut ginn. D'Regierung Rechent mat Recetten an héicht vun 327 Milliounen Euro pro Joer.