90 bis 125 EuroDéi belsch Autobunnsvignette kënnt

RTL Lëtzebuerg
Vum nächste Joer un dierft den Ausfluch op d'belsch Plage méi deier ginn...
© NICOLAS MAETERLINCK/Belga via AFP

Déi belsch Autoritéite si sech Enn der Woch driwwer eens ginn, fir vum 1. Mee 2027 un eng Vignette fir all Gefierer bis 3,5 Tonne fir déi Belsch Autobunnen a verschidde Regional-Axen an Héicht vun 90 bis 125 Euro d'Joer anzeféieren.

D'Iddi ass, datt besonnesch déi auslännesch Automobiliste sech um Finanzement vum belsche Stroossereseau sou mat bedeelegen. D'Belsch selwer sollen d'Käschte fir d'Vignettë kompenséiert kréien. Déi praktesch Ëmsetzung ass awer net evident. Bréissel hat déi däitsch "PKW-Maut" bekanntlech annuléiert.

D'Wallonie rechent domadder, datt d'Vignetten eng 327 Milliounen Euro d'Joer ra brénge kéinten. Dës Regioun géif am meeschten dovunner profitéieren. D'Flandre kéint mat 130 Milliounen rechnen. Suen, déi fir Fléckaarbechten fir de Stroossereseau da benotzt solle kënne ginn. De System gesäit fir, datt Kameraen a mobil Ekippe via d'Autosplacke kontrolléiere sollen, datt jiddereen seng Vignette huet. Wee keng Vignette huet, muss mat 70 Euro Strof rechnen. Déi ka bei Recidive nach méi héich ginn.

Et ass net virgesinn, datt een en Auto-Collant an d'Fënster peche muss. Net concernéiert si Motoen, Camionen, Traktere, Bussen, Rettungsdéngschter, Police an Arméi-Gefierer.

Back to Top
CIM LOGO