
Den Accord, fir nach emol 50.000 Aarbechtsplazen ze sträochen, gouf et en Donneschdeg vum VW-Opsiichtsrot, deen de Sanéierungsplang eestëmmeg guttgeheescht huet. Am sougenannten Zukunftsplang 2030 ass eng konzernwäit Upassung vun der Beschäftegungszuel an Héicht vu ronn 50.000 Plaze virgesinn, déi sollen ofgebaut ginn. An dat zousätzlech zu de schonn accordéierte 50.000 Plazen.
Weider huet de Konzern matgedeelt, dass eng Produktiounskapazitéit vu 500.000 Gefierer an Europa besteet. Fir d'Wierken Emden, Zwickau, Hannover an Neckarsulm kéint een net garantéieren, vun 2031 bis 2034 nach konkurrenzfäeg ze sinn. "Fir dës Wierke wéilt ee parallel an ergänzend alternativ Verwendungszwecker préiwen".
An Nordamerika wëll sech VW an Zukunft op "déi profitabelst Segmenter" konzentréieren. D'China-Geschäft géif de Konzern "un déi verännert Erwaardung un de Gesamtwuesstem vum chineeseschen Automobilmarché upassen" an et géif een d'Exportgeschäft a Richtung vum Globale Süden ausbauen.
De CEO vun der Volkswagen Group Oliver Blume huet vun engem eestëmmegen Accord a vun engem staarke Signal fir d'Zukunft vu Volkswagen" geschwat. "Mir iwwerhuelen d'Verantwortung fir dat komplett Team, fir eis Partner an d'Industrieaarbechtsplaze weltwäit", heescht et weider. An de kommende Jore gëtt "eng dräistelleg Milliardenzomm" investéiert.
Volkswagen stécht wéi all déi aner däitsch Autosconstructeuren an der Kris. D'Vente vun Elektroautoen geet zwar erop, ma doraus geet manner Gewënner ervir. Gläichzäiteg belaaschten d'US-Stroftaxen an manner Aktivitéite mat China de Konzern.
Am Mäerz dëst Joer gouf schonn annoncéiert, dass 50.000 Plaze sollen ewechfalen.